E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, déi lescht 24 Stonnen net geklomme sinn.

Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vu 31 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganze 4.956.

Vun den Infizéierte sinn der 4.073 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 44 Joer.

Den Duerchschnëttsalter vun den 111 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 85 Joer. 52 Prozent si Männer, 48 Prozent Fraen. 66 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 281.431 Tester gemaach. An de leschte 24 Stonne goufen 3043 Persoune getest.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 662 aktiv Infektioune ginn an 4.183 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell sinn 38 (+11) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 4 Patiente (+1) sinn aktuell op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 969 Mënschen d'Spidol nees verloossen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,09.