Et gëtt weider keen iwwerparteileche Konsens beim gesetzleche Kader fir d’Gestioun vun der aktueller sanitärer Kris.

Neit Covid-Gesetz / De Reportage vum Fanny Kinsch

En Dënschdeg de Moie gouf an der Chamber-Gesondheetskommissioun de Rapport zum Gesetzprojet 7622, deen déi 2 aktuell Covid-Gesetzer ersetze soll, ugeholl, woubäi sech déi ganz Oppositioun enthalen huet, wéi och scho virun engem Mount.

Eng Decisioun, déi fir den DP-Deputéierte Gusty Graas net wierklech novollzéibar war.

"Se huet sech enthalen, wat jo och weist, datt se awer relativ no bei eise Propositiounen ass, mä wéi gesot, dat Gesetz hei ass awer elo gutt an et reegelt u sech elo bis dann den 30. September, wéi mer alleguer dobaussen eis ze verhalen hunn."
D'Pirate vermësse weiderhin Informatiounen iwwert d'Entwécklung vun der Pandemie: ouni déi, kéint een als Deputéiert kee Gesetz schreiwen oder stëmmen, seet de Sven Clement. Et géif ee sech och froen, grad wéi de Staatsrot a sengem Avis, wéi d'Restriktiounen am Private sollen ëmgesat ginn: d'Police ka jo net einfach bei Privatpersounen heem kontrolléiere goen.

"An ech mengen dorop gëtt et keng wierklech Äntwert, d'Äntwert, déi jiddereen dorop gëtt, ass "denoncéier däin Noper", eppes wat mir als Piraten definitiv problematesch fannen."

D'CSV hirersäits gesäit de Problem net onbedéngt bei de Leit doheem, seet de Claude Wiseler.

"Et geet awer drëm, fir eng Rei Phenomener, wéi zum Beispill déi, wou grouss Rassemblementer viru Caféë sinn, respektiv wou privatiséiert Partyen a Lokaler gehale ginn, déi net en Domicile privé ass, fir dat an de Grëff ze kréien. An do ginn et sécherlech Moyenen, zum Beispill, an deem een d'Definitioun vum Rassemblement oder der Reunioun organisé anescht mécht, wéi se elo am Text stinn."

Mat der Zilsetzung vun der Regierung wier d’CSV averstanen, net awer mam Wee dohinner. Och déi Lénk bleiwe skeptesch, gesinn am Text awer wuel wesentlech Verbesserungen, seet de Marc Baum, virop...

"Datt deen demokratesch a juristesch schwierege Begrëff vun Personne à haut risque d'être infecté, an domat déi soi-disant Peine, nämlech d'Quarantän, déi domat zesummenhänkt, datt dat elo e bësse méi kloer definéiert ass, ab wéini fänkt eng Quarantän un, nämlech net méi ab deem Moment, wou iergendee bericht "ech war mat deem zesummen", mä ab deem Moment, wou de Kontakt hiergestallt ginn ass mat där Persoun."

Bis elo kee forcéierte Confinement

Bei der vill kritiséierter Mesure vum forcéierte Confinement wieren et keng Verbesserunge ginn, esou d'Oppositiounsparteien. D'Konditioune wieren ëmmer nach net kloer, seet de Marc Baum.

"Ass dat an engem Spidol? Mä wann déi Persoun, well soss bréicht ee jo kee Confinement forcé, dann net wëll do bleiwen a fort wëll, wien hält se dann zréck? Sinn dat Infirmieren? Sinn dat d'Security vum Spidol? An ech mengen, datt d'Spidol net déi Roll kann iwwerhuelen. Dat ass net hir Missioun, fir Leit anzespären an zréckzehalen. Also wéi eng Institutioune sinn et dann?"

Och de CSV-Deputéierte Claude Wiseler fuerdert Prezisiounen.

"Esou, wéi se hei steet, ass et just eng Pobeier-Moossnam, déi an der Realitéit net uerdentlech kann exekutéiert ginn."

Bis ewell wier d'Mesure vum Confinement forcé nach net benotzt ginn, wéi d'Deputéiert an der Gesondheetskommissioun de Moie gewuer goufen.

Nei Strategie fir de Large Scale Testing

Weidere Punkt um Ordre du jour vun der Santéskommissioun war déi nei Strategie fir de Large Scale Testing, déi och vu kenger vun den Oppositiounsparteie prinzipiell a Fro gestallt gouf.

Vun August u soll bei den Tester à grande échelle op verschidde Schlëssel-Evenementer a Plaze besonnesch gutt opgepasst ginn: zum Beispill Retouren aus dem Ausland, d’Schoulrentrée oder d’Schoulvakanzen.

Hei gëtt vu 4 Haaptachse geschwat:

  1. Tester, vu Leit, déi duerch hire Beruff méi Risiko hunn, sech unzestiechen, oder déi vulnerabel sinn,
  2. Entrée-Sitten: Nieft dem Flughafen soll och op de Garen an op den Autobunne kenne getest ginn,
  3. Tester vun allméigleche Leit, fir d'Situatioun an der Gesellschaft am Allgemengen ze suivéieren,
  4. Tester, wann iwwert déi 3. Ax Clustere festgestallt ginn.
D'Oppositiounsparteie gesinn an der neier Strategie éischter Verfeinerungen, wéi grouss Verännerungen.

Hien hätt just den Androck, datt tëschent der aler an der neier Test-Phas am August zäitlech e Lach géif entstoen, sot de CSV-Deputéierte Claude Wiseler.

"Dat eenzegt, dat momentan fir mech de Probleem stellt, dat ass, datt ech d'Impressioun hunn, datt mer vun deem enge Marché op deen aneren, dat heescht vun där éischter Phas vum Testing op déi 2. Phas vum Testen, op déi mer elo ginn, net direkt den Usaz fannen, dat heescht datt do en zäitlecht Lach am August entsteet, bis déi 2. Phas kann ufänken."

Effektiv entsteet duerch den Ausschreiwungsprozess en Delai, esou heescht et och am Exposé des motifs vum Gesondheetsministère. Hei gëtt domat gerechent, datt déi éischt Tester ënnert der neier Strategie fréistens Enn August kënne gemaach ginn. Dofir wier eng Iwwergangsphas vun 2-4 Woche virgesinn.