E Freideg de Moie gouf e Mann um Stater Geriicht zu enger Prisongsstrof vun 20 Joer verurteelt, deen eng Fra zu Esch mam Hummer geschloen hat.

Op d'mannst 8 Mol gouf d'Affer um Kapp getraff. Dës Strof entsprécht der Fuerderung vum Vertrieder vum Parquet. Donieft muss de Mann 46.000 Euro Schuedenersatz u 5 Parties civiles bezuelen, fir de Schued vum Affer festzeleeën, gouf iwwerdeems eng Expertise ordonnéiert.