De Premier konnt um Freideg de Moien an der Chamber nach net genee soen, wéi vill de Relanceplang vun der EU wäert kaschten.

Ganz vill Berechnunge missten nach gemaach ginn an d’EU-Parlament hätt nach e Wuert ze soen.

Den europäesche „Plan de Relance“ vun 1.800 Milliarden Euro stoung e Freideg de Moien op der Dagesuerdnung vun der Chamber Finanz- a Budgetskommissioun.  D’Oppositioun war no der Entrevue mam Xavier Bettel enttäuscht: CSV an ADR hate sech Äntwerten vum Premier erwaart, mä soten, si wéissten nach ëmmer net wéi de Lëtzebuerger Bäitrag fir de pluriannuelle Budget vun der EU a fir de Relanceplang genee wäert ausgesinn a wéi di verschidden finanziell Bäiträg oder d’Plastiksteier, déi en Deel vum Relanceplang wäert matfinanzéieren, an der Praxis wäerte funktionéieren.

D’Deputéiert vun der Oppositioun soten no der Kommissioun, Lëtzebuerg wäert misse ronn eng Milliard Euro méi fir de 7 Jores-Budget vun der EU op den Dësch leeën, dovunner eleng 100 Milliounen Euro pro Joer wéinst dem Brexit. Wéi vill d’Rabaise vun eenzele Memberstaate wäerte kaschte wéisst een net genee. Genee wéi ee net wéisst wéi d’Kreditter vun 2028 un sollen zeréckbezuelt ginn. CSV, ADR a Piraten hu bedauert, datt de Grand-Duché just 100 Milliounen Euro aus dem Relanceplang géing kréien.

De Premier Xavier Bettel huet den Accord vum 21. Juli zu Bréissel awer verdeedegt. Den Deal wier net perfekt, mä historesch an e wier déi néideg Äntwert op d’Kris. „Mir hunn en neie contrat de mariage tëscht den EU-Länner gemaach“, sou de Premier. De Xavier Bettel hätt zwar léiwer gehat verschidde Länner hätte manner „Rabaise kritt“, mä hie sot och dat „schrecklechst“ wat ee kéint maache wier ee Ranking vu wien wéi vill kritt. Lëtzebuerg géing dovunner profitéieren wann d’EU funktionéiert.

D’Chamber géing och a voller Transparenz weider au courant gehale ginn, notamment wéi d’Plastiksteier soll konkretiséiert ginn, huet de Premier verséchert. Déi genee Zuele kéint een nach net nennen, eben well d’Europaparlament nach de Relanceplang op de Leescht hëlt a well nach, sou de Xavier Bettel - „ganz vill Calcullen nach op d’nächst Joer eréischt berechent ginn“.