En Donneschdeg gouf géint 13.20 Auer gemellt, datt zu Schëndels een SUV geklaut gouf. D'Police huet dunn nom Auto an nom Déif gesicht.

Dee gouf och scho kuerz drop géint 17.30 Auer an der Stad fonnt. D'Ermëttlungen hunn erginn, datt de Mann schonn an de leschten Deeg wéinst enger Rei Delikter opgefall ass, wou hien eppes soll geklaut hunn.

De Mann gouf op Unuerdnung vum Parquet festgeholl a kënnt virun den Untersuchungsriichter.