E Freideg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 114 bliwwen ass.

55 Prozent vun den 114 Doudesaffer si Männer, 45 Prozent Fraen. 67 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 78 positiv geteste Patienten, 68 vun hinne si Residenten, 10 Non-Residenten. Dat fir den 30. Juli. Et goufen um Donneschdeg 11.772 Tester gemaach.

Dat sinn elo am Ganze 6.695 positiv Fäll.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 425.227 Leit op de Virus getest.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 1.389 aktiv Infektioune ginn a 5.192 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell sinn 55 (-8) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 7 (+1) Patiente sinn aktuell op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0.98. Wann den Taux ënnert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.