Zu Féiz blouf et beim Materialschued, zu Iewerleng gouf eng Persoun blesséiert.

Zu Féiz huet e Freideg den Owend virun 8 Auer op enger Terrasse gebrannt. Et bleift beim Materialschued.

Zu Iewerleng op der Millen ass kuerz virun Hallefnuecht nach een Auto an een Bam gaangen. 1 Persoun gouf dobäi blesséiert.

Accident dann e Samschdeg de Moien tëscht Munneref an dem Tunnel Markusbierg. En Auto ass do um 8.20 Auer op der Autobunn op d'Kopp gaangen. Eng Persoun gouf blesséiert.

An op der Vugelsmillen huet sech ee Motocyclist géint 10.30 Auer blesséiert .wéi en mat senger Maschinn gefall ass. Ënnert anerem de SAMU war op der Plaz.