Wéi d'Police mellt, koum et e Sonndeg géint 21 Auer an engem Café zu Péiteng op der Place de Marché zu engem handfeste Sträit tëscht e puer Persounen.

Nodeems d'Beamten informéiert goufen, dass op d'mannst ee Bedeelegte soll mat engem Messer verwonnt gi sinn, sinn direkt e puer Patrullen an den Asaz gefuer.

Op der Plaz goufen 2 blesséiert Persoune virfonnt, vun deenen eng Schnëttwonnen hat. Dës Persoun gouf medezinesch versuergt a koum fir e weidert Traitement an d'Spidol.

De Parquet gouf informéiert an d'Police judiciare mat den Ermëttlunge beoptraagt.