En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 118 bliwwen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 53 positiv geteste Patienten, 49 vun hinne si Residenten. Dat fir den 3. August. Et goufen 7.319 Tester gemaach.

Dat sinn elo am Ganze 6.917 positiv Fäll.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 604.696 Tester gemaach.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 1.262 aktiv Infektioune ginn a 5.537 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell sinn 59 (+5) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 7 Patiente sinn op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0.8. Wann den Taux ënnert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.