Op Nofro bei der Police krute mer confirméiert, dass zu Rëmeljen eng Scheier gebrannt hat. 61 Pompjeeë waren op der Plaz.

Wéi et weider heescht, wär kengem Mënsch eppes geschitt, och ware keng Béischten an der Scheier dran, sou dass et beim Materialschued blouf. Den Noutruff war um 21.15 bei dem CGDIS agaangen. D'Pompjeeë vu Clierf, Ëlwen, Wolz a Wëntger waren am Asaz, grad ewéi d'Ambulanz vun Ëlwen.

© Screenshot Facebook-Video

Et goufen och nach e sëllegen aner Bränn um Mëttwoch den Owend

Op der Giewelsmillen stounge kuerz viru 19 Auer Hecken a Flamen. D'Pompjeeë vu Buerschent a Géisdref hu geläscht.

Zu Giischt an der Duerfstrooss huet kuerz virun 20 Auer Auer Dreck gebrannt. Hei waren direkt 4 Asazzenteren op d'Plaz geruff ginn: Mompech, Uesweller, Rouspert a Réimech.

Géint 21.15 Auer hat um Stafelter en Auto gebrannt. D'Pompjeeë vun Nidderaanwen hu sech där Saach ugeholl.