D'Police sicht no eventuellen Zeien, nodeems an der Nuecht op en Donneschdeg géint 1.40 Auer e Bancomat zu Wäiswampech gesprengt gouf.

Duerch d'Explosioun gouf den Automat aus der Verankerung gerappt a verschidde Stécker goufe meterwäit duerch d'Géigend geschleidert. Et ass e gréissere Schued am Agangsberäich vun der Bank entstanen.

De Parquet gouf informéiert an d'Spueresécherung gouf op d'Plaz geschéckt.

Ween eventuell eppes Verdächteges gesinn huet, soll sech w.e.g. um 113 bei der Police mellen.

D'N7 duerch Wäiswampech war op där Plaz wéinst dem Tëschefall bis kuerz no 12 Auer fir den Trafic gespaart.