„Weder Fësch, nach Fleesch,“ esou kritiséiert d'adr en Donneschdeg de Moien de Gesetzestext vum Logementsminister Henri Kox.

adr a Loyersgesetz / Rep. Tim Morizet

En detailléierten Text, deen awer näischt un de Loyerspräisser änneren géif oder méi abordabele Wunnraum schaffen, esou d'adr.

Wann eng Reform vum Bail à Loyer seriö envisagéiert wier, misst béi der Garantie Locative nogebessert ginn, fir Abusen ze verhënneren. An och d'Prorogation légale misst ofgeschaaft ginn, dës garantéiert dem Locataire automatesch e Kontrakt op en ondefinéiert Zäitraum nodeems dësen 2 Joer an enger Wunneng mat Loyer gelieft huet. Den adr-Deputéierte Roy Reding:

Den Dag, wou dat Gesetz ofgeschaaft ass, gi Saache verlount, déi haut eidel stinn. Dat ass esou sécher ewéi d'Amen nom Gebiet. An dat géif den Drock aus em Marché eraushuelen."

Frou wier een awer iwwer d'Kloerheet beim Thema Co-Locatioun, an datt déi net méi ofhängeg dovun ass, ewéi de Bau klasséiert ass. Nach emol de Roy Reding:

Mir hate jo d'Beispill vun der Stad Esch, déi gesot huet, datt an engem Familljenhaus just eng Famillen dierf liewen. Dat ass an eisen Ae komplett asozial."

Kritiséiert gouf awer, datt den neie Pacte Logement virgesäit, méi Responsabilitéit un d'Gemengen ofzegi beim Schafe vun abordabelem Wunnraum. Konkret géif dat de bürokratesche Prozess virum Startschoss vum Bau just weider an d'Längt zéien. Den adr-Parteipresident a Bäerdrefer Conseiller Jean Schoos:

„Déi Prozedur bedeit fir eis Gemeng, datt mer scho 4 Joer am Gaang si mat Plange fir sozial Wunnengen. Mat e bësse Chance fänke mer d'nächst Joer u mat bauen. Déi Dossiere kommen an d'Gemeng, dann nees zeréck an de Ministère. De Bau gëtt och méi deier zum Schluss."

De Support vum Staat wier zwar annoncéiert, ma méi kleng Gemenge wéilten net ëmmer d'Roll vum Promoteur iwwerhuelen.

Extrait Roy Reding
Den adr-Deputéierte en Donneschdeg de Moien.