Kuerz virun hallwer 4 en Donneschdeg de Mëtteg gouf e Cyclist zu Haler ugestouss. Eng Persoun gouf blesséiert.

Donieft goung zu Kietscht en Trakter a Flamen op, verschidde Corpse waren op der Plaz, fir d'Feier ze läschen. Blesséiert gouf keen.

Eng blesséiert Persoun gouf et iwwerdeems zu Giewel bei enger Kollisioun tëscht zwee Autoen.