E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, op 121 geklommen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 11 positiv geteste Patienten, 7 vun hinne si Residenten. Dat fir den 9. August. Et goufen 521 Tester gemaach.

Dat sinn elo am Ganze 7.216 positiv Fäll.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 647.643 Tester gemaach.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 925 aktiv Infektioune ginn a 6.170 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell sinn 40 (-8) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 6 (+4) Patiente dovunner sinn op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0.72. Wann den Taux ënnert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.