Um Dënschdeg de Moien huet d'Police eng Warnung erausginn, et soll ee keng verdächteg Persounen am Raum Iechternach mathuelen.

Zwee cagouléiert Männer hunn d’Serveuse an enger Bäckerei an der Rue du Pont zu Iechternach mat enger Waff bedreet. Se sinn awer ouni Suen ze Fouss fortgelaf, nodeem d’Employée d’Keess net direkt opkrut.

Beschreiwung vun de Männer:

Gesicht ginn 2 Männer vun zirka 18 Joer, deen ee vu donkeler an deen anere vu wäisser Hautfaarf, zirka 1,60 respektiv 1,80 Meter grouss mat selwer gebastelter Cagoule. Ee weideren Täter huet virun der Dier gewaart, fir dëse gëtt et keng Beschreiwung.

Persounen, déi Hiweiser zu de Verdächtegen hunn, déi eventuell och well d'Deeg duerch d'Verhalen opfälleg gi sinn, an och eventuell Informatiounen iwwer verdächteg Ween an deem Kontext, si gebieden, sech beim 113 oder op der Mail-Adress vun der Police - spj.rgb@police.etat.lu - ze mellen.

© Domingos Oliveira