En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, op 122 geklommen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 26 positiv geteste Patienten, 25 vun hinne si Residenten. Dat fir den 10. August. Et goufe 6.051 Tester gemaach.

Dat sinn elo am Ganze 7.242 positiv Fäll.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 653.707 Tester gemaach.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 898 aktiv Infektioune ginn a 6.222 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell sinn 45 (+5) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 4 (-2) Patiente dovunner sinn op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,79. Wann den Taux ënnert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.