D'Police huet zu Esch/Uelzecht direkt 3 Mol misse wéinst Abroch oder Déifstall intervenéieren, an engem Fall gëtt no engem Verdächtege gesicht.

An der Rue Jean Erpelding huet en Awunner en Abriecher bei sech doheem erwëscht, wéi en um Dënschdeg Owend géint 19 Auer Heem koum. Den Abriecher war duerch eng oppe Fënster erageklommen. Den Awunner konnt den Abriecher festhalen, bis d'Police do war.

Um 21.20 Auer war eng Persoun amgaangen, bei engem Bankomat an der Uelzechtstrooss Suen opzehiewen, wéi en Onbekannte vun hannen d'Schäiner fortgezunn huet, déi grad erauskoumen. D'Persoun huet sech a Richtung Gare duerch d'Bascht gemaach a konnt net direkt fonnt ginn. Mat Hëllef vun enger detailléierter Täterbeschreiwung hätt een den Déif awer géint 1 Auer an der Nuecht op der Gare kënne fannen, esou d'Police.

En Dënschdeg Nomëtteg stoung eng Persoun um Busarrêt "Porte de France" zu Esch, wéi e Mann op engem gelounte Vëlo vun der Gemeng laanschtgefuer koum an him den Handy aus der Hand gerappt huet. D'Affer huet eng Plainte gemaach.

Täterbeschreiwung vun der Police:

"Mann, zirka 20 Jahre, von dunkler Hautfarbe, schwarzes hochgegeltes Haar, trug eine blaue Gesichtsmaske, bekleidet mit einem grauen T-Shirt und einer langen blauen Jeanshose".

All Informatioune si fir d'Police Esch um Telefon (+352)244-501000 oder per E-Mail op police.esch@police.etat.lu