E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 122 bliwwen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 58 positiv geteste Patienten, 44 vun hinne si Residenten. Dat fir den 11. August. Et goufe 7.600 Tester gemaach.

Dat sinn elo am Ganze 7.300 positiv Fäll.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 661.307 Tester gemaach.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 916 aktiv Infektioune ginn a 6.262 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell sinn 44 (-1) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 3 (-1) Patiente dovunner sinn op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,77. Wann den Taux ënnert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.