E Freideg de Moie hunn den Educatiounsminister an d'Gesondheetsministesch den neie Rapport vun der Schoul an Zäite vu Covid-19 presentéiert.

Vill Elteren, Enseignanten an och Schüler stelle sech d'Fro, wéi virum Hannergrond vun der Corona-Pandemie d'Schoulrentrée wäert organiséiert ginn a wéi eng sanitär Mesurë gëlle sollen. An deem Kontext ass ee Rapport gemaach gi vun enger Ekipp vu Wëssenschaftler a Pedagogen.

Dëse Rapport gouf e Freideg vum Educatiounsminister a vun der Gesondheetsministesch virgestallt.

Nieft dem Claude Meisch a Paulette Lenert waren och d'Laetitia Huiart vun der Inspection sanitaire de la Direction de la santé an de Paul Wilmes vun der Uni Lëtzebuerg mat dobäi.

Klickt hei, fir op den Artikel mam Resumé ze kommen.

Liest all déi wichteg Changementer, Ofsoen an Aussoen no an eisem Liveticker.