An der Route du vin krute sech zwee Gefierer ze paken. Geschitt war dat Ganzt en Donneschdeg um 13.22.

De CGDIS mellt dann och nach 2 Bränn. Eemol haten an der Rue de la Forêt Verte zu Heeschdref Eisebunnsschinne gebrannt, dat um kuerz virun 1 Auer Mëttes.

Op der N26 vu Béiwen a Richtung Léifreg hat dann nach eng Wiss gebrannt.

Bei béide Bränn ass kengem Mënsch eppes geschitt.