De Vertrag tëscht dem Lëtzebuerger Staat an dem RTL Grupp ass net public. Och net fir d'Chamber. An dowéinst ass de Sven Clement virun d'Geriicht gaangen.

Reaktioun Sven Clement / Reportage Maxime Gillen

Ma d'Geriicht huet en Donneschdeg erkläert, dass d'Verwaltungsgeriicht an dëser Affär vun dem Deputéierte vun de Pirate guer keng Decisioun kéint huelen. Dat well de Refus, den Deputéierten dat Dokument ze weisen, keen administrativen, ma e politeschen Akt wier. Ma dat wëll de Sven Clement esou net gëlle loossen:

"Mir sinn der Meenung, dass hei en Acte administratif virläit an dofir och d'Verwaltungsgeriicht hätt missen um Fong tranchéieren an net nëmmen op der Form. Dat ass och de Grond, firwat mir an Appell wäerte goen, fir eben eng Äntwert um Fong vun dëser Fro ze kréien, wéi eng Instanzen Deputéierte kënne beméien, wann d'Regierung net wëll mat der Oppositioun zesummeschaffen."

De Verwaltungsriichter huet dann och erkläert, dass hie sech net an d'Relatiounen tëscht Parlament a Regierung amëschen dierft, wann hien de Prinzip vun der Gewaltentrennung net verletze wéilt.

"D'Verwaltungsgeriicht ass der Meenung, dat wär en Acte politique a wa si géifen do tranchéieren, géifen si zu enger „Arme dans la main du parlement“ ginn. Dat fannen ech och eng speziell Formuléierung, well et kéint jo och sinn, dass si alles géife refuséieren an domadder eng „Arme dans la main du gouvernement“ géife ginn."

E weidert Argument vum Riichter war, dass de Vertrieder vun der Piratepartei net all d'Moyene genotzt hätt, déi him als Deputéierten zur Verfügung stinn.

"Et goufe Questions parlamentaires vun aneren Deputéierten, déi no deem Dokument gefrot hunn, déi dat refuséiert kruten. Et gouf eng Interpellatioun dozou. Do gouf d'Kommunikatioun och refuséiert. Et gouf esouguer eng Motioun dozou, déi gouf och rejetéiert. Deementspriechend goufe vu verschiddenen Deputéierte verschidde Moossname scho geholl. Fakt ass: net alleguer vu mir, jo. Mä do seet een dann, d'Outile goufe genotzt. Wat d'Verwaltungsgeriicht opweist ass nach d'Méiglechkeet vun enger Commission d'enquête. Ech muss awer ganz éierlech soen, ech fannen dat e bëssen iwwerdriwwen eng Commission d'enquête ze maachen, fir een Dokument ze consultéieren."

De Grond fir dëse Vertrag iwwerhaapt wëllen ze gesinn, wier iwwerdeems, dass do eng Klausel soll drastoen, déi festhält, dass e gewëssen Deel vum Grupp hei zu Lëtzebuerg muss sinn, esou de Sven Clement. Géif dat stëmmen, wier et wichteg ze kontrolléieren, ob de Grupp sech och dorun hält, respektiv op de Lëtzebuerger Staat dogéint virgeet, wann RTL Group deen Deel vum Kontrakt net méi géif erfëllen.