Hei gëtt dann och 15 Mol esou vill getest, wéi déi momentan europäesch Moyenne.

Am internationale Verglach ass Lëtzebuerg den absolutte Spëtzereider wat d'Zuel vun de Coronavirus-Tester ugeet, par rapport zur Populatioun.

Dem Ranking vun der brittescher Oxford-Universitéit no, läit de Grand-Duché mat 727 Tester op 1.000 Awunner op der éischter Plaz. Dat virun de Vereenten Arabeschen Emirater (582 Tester op 1.000 Awunner) , dem Bahrain (555), Malta (313) an Dänemark (310).

© Worldometer

D'selwecht am Klassement vu Worldometers. Och hei steet Lëtzebuerg mat senge villen Tester un der Spëtzt vum internationale Ranking.

Am europäesche Verglach test Lëtzebuerg ganzer 15 Mol esou vill wéi déi europäesch Moyenne a knapp 6 Mol esou vill, wéi Dänemark, déi bannent der EU op der zweeter Plaz stinn.