Ëmmer méi Geschäftsleit an der Restauratioun musse sech nei Iddien afalen loossen, fir hir Clientèle net ze verléieren.

Fir déi néideg Distanz kënnen anzehalen, brauch et och vill Plaz a wann déi feelt, musse Solutioune fonnt ginn. Anerer lackele mat engem neie Konzept, fir esou nees Liewen an d'Bud ze kréien. Wéi erliewen d'Patronen déi aktuell Situatioun?

Am "Anere Vis-a Vis", eng souzesoen Annexe vum deem 1. "Vis-à-Vis" 100 Meter méi wäit, koum der Patronne Martine Wagner d'Iddi, e Concept Store mat ze integréieren. Dat zesumme mam Mike Decker, deen zanter 1985 Antiquitéite verkeeft.

D'Konzept ass séier erkläert: D'Miwwelen an d'Tableaue sinn net just fir ze bewonneren. Alles, op deem ee sëtzt, op der Mauer hänkt oder am Raum steet, kann ee kafen.

Et war prioritär fir d'Martine, eng Léisung fir hiert Personal ze fannen. Am éischte Vis-a-Vis waren d'Plaze fir d'Clienten op 20 limitéiert, finanziell wier et schwéier gewiescht esou iwwert d'Ronnen ze kommen. Och d'Clientèle huet geännert, an deem neie Vis-à-vis ass elo schonn éischter Betrib wéi si dat virdru gewinnt waren, vill Geschäftsleit kommen scho moies fréi hiren Kaffi drénken.

D'Martine huet eng Zomm vun hire Reserven am 4-stellege Beräich investéiert, ouni dëst wär et finanziell hannen a vir net opgaangen, wat awer net heescht, dass si elo dat duebelt verdéngt ewéi virdrun. Elo sinn déi 2 Caféen esou rentabel ewéi virdrun een eleng.

An der Stad ass et ee Problem, wat d'Terrassen ugeet, ma um Land kann ee sech aner Iddien afalen loossen, sou de Claude Wilge, dee schonn iwwer 30 Joer an der Restauratioun schafft. Och hien huet missen am 5-stellege Beräich investéieren, fir seng Clientèle ze behalen. Seng Léisung: gehëtzten Iglu-Zelter.

35% vun der Surface commerciale ass beim Claude verluer gaangen. Hien also missen ausbauen an dofir huet de Gaart missen dru gleewen.

Et war eréischt nom September, dee Mount, a deem deene meeschte Patrone bewosst ginn ass, dass et esou net weider funktionéieren kéint. Och zu Hueschtert am Ofstellgleis war et am Endeffekt d'Terrass am Wanter, déi dem Claude Suerge gemaach hat. Seng Léisung mat den Zelter war do ideal, elo dierf een endlech och Raclette bei him genéissen, de Geroch bleift dobaussen. D'Iglue si gehetzt an et dierf ee souguer fëmmen um Dësch. Domat wiere vill aner Problemer direkt matenee geléist.

Ob Pop-Up-Store oder Igluen, et muss ëmmer investéiert an adaptéiert ginn. D'Léisung heescht ëmdenken, well wie weess, wéi laang mer nach mam Coronavirus geplot sinn?