D’Konzept vum Open-Space-Büro huet an de leschte Joerzéngte vill evoluéiert.

D’Raim wieren e bësse méi kleng ginn, wieren och haut besser agedeelt, ma zemools a Saachen Akustik wier vill geschitt, esou d’Sala Makumbundu vum Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils. Déi villsäiteg Trenn-Elementer aus Holz, Glas, Filz oder einfach Planze géingen de Kaméidi reduzéieren an och roueg Plaze schafen, wou d’Mataarbechter kënne sëtzen an e Kaffi drénken. Den Espace wierkt trotzdeem nach ëmmer oppen, esou datt d’Kommunikatioun ëmmer nach einfach an direkt ass. Grad an dësen Zäite sinn déi Trenn-Elementer immens wichteg. Aus der Nout eraus wieren nieft de Plexiglas-Scheiwen och aner flott Konzepter entstanen, esou d’Sala Makumbundu. Verschidde Betriber hätte faarweg Teppecher, déi d’Distanze visualiséiere sollen. D’Architektin kéint sech och virstellen, datt d’Betriber an Zukunft den Teletravail bäibehalen an dofir manner Capacitéite wäerte brauchen. Egal wéi wier d’Büroliewen ëmmer um evoluéieren. D’Aarbechtsplaz misst sech dorunner upassen.

Den Alain Meyer vun Tétris Lëtzebuerg ass der Meenung, datt d’Aarbechtsplaz wéinst dem Teletravail an Zukunft éischter wäert ronderëm d'Gemeinschaft evoluéieren. Deemno géing méi Wäert op kollaborativen Espace geluecht ginn. Vue datt d’Konzentratiounsaarbecht kéint an der eegener Wunneng gemaach ginn, wier d’Aarbechtsplaz haaptsächlech do, fir mat de Partner oder de Clienten ze kommunizéieren. Déi individuell Büroen oder Computere wieren dann net méi esou wichteg.