Fir 60 Schüler aus der "International School" ass d'Schoul schonn nees fäerdeg, fir kuerz Zäit. Hir Rentrée war de 26. August.

Well 5 Schüler zanter der Rentrée Covid-positiv getest goufen, si 60 Schüler tëscht 12 an 18 Joer a Quarantaine gesat ginn.

Dës RTL-Informatiounen huet d'Direktioun vun der ISL confirméiert.
Eng weider Klass gouf fir zwee Deeg heemgeschéckt. Déi dierf awer no Récksprooch mat der Santé um Donneschdeg nees zeréck an d'Schoul kommen.

Wéi et heescht wieren alleguer d'Studenten, déi isoléiert goufen, asymptomatesch an et géif hinnen gesondheetlech gutt goen.

D'ISL hat sech op sou Fäll preparéiert.

Dës Roadmap gesäit 3 Léierformen vir.

Eng Kéier den normale Face-to-Face-Cours fir all déi Klassen ouni Corona-Virfäll.

Da gëtt et e Rotatiounsplang, deen d'nämmlecht wéi den A-B-Wochen-System leeft.

A wann d'Situatioun sech sou entwéckelt, dass d'Schoul misst zougemaach ginn, ass alles sou wäit preparéiert, de Cours komplett online duerchzeféieren.

Wat Sécherheetsmesuren ugeet, hält d'ISL sech un d'Recommandatioune vun der Santé. De Mask soubal ee vum Dësch opsteet, Distanz halen an Hänn reegelméisseg wäschen an desinfizéieren.