Et ass den 3. Text an deem Kader, deen d'aktuell Preventiouns- an Protectiounsmesuren an der Lutte géint d'Pandemie bis Enn vum Joer legislativ fixéiert.

De Vott muss d'nächst Woch an der Plenière am Cercle sinn, soss lafen d'Covid-Dispositiounen um 30. September aus. U sech ass et Usus, datt d'Chamber eréischt um zweeten Dënschdeg am Oktober beieneen komm wier, mä am Covid-Joer ass och déi Reegel net méi ginn, wëll et d'Situatioun vum Agenda hir esou erfuerdert.

Duerfir hunn d'Deputéiert och zanter Wochen ewell nees an der Gesondheets-Chamberkommissioun geschafft, fir um Stéchdatum prett ze sinn an all d'Avisen, wéi dee vun der Chambre des Salariés an dem Collège Médical beieneen ze hunn.

Rapporter ass nees, genee wéi bei den aneren Covid-an état de crise-Gesetzer, den fréieren LSAP-Santésminister Mars Di Bartolomeo.

An deem neien Covid-Gesetzestext ginn nach emol ënnert anerem d'Limitte vu Leit definéiert, déi dierfe beienee kommen, d'Plazen, wou d'Mask muss gedroe ginn, d'Prezisioun, datt eng Visière ouni Mask net als Schutz duergeet, d'entspriechend Sanktiounen an och d'automatescht Weidergi vu Fluchpassagéierlëschten un den Direkter vun der Santé.

Unhand vun dësen standardiséierte Formulairen soll, am Fall vun engem positiv geteste Passagéier, e séieren an effikassen Traçage vun anere Passagéier méiglech sinn, déi eventuell och wärend dem Vol ugestach goufen. Dës "Passenger Locator Card" (PLC), déi vun der Airline verdeelt gëtt, ass net ze verwiesselen mam "Passenger Name record" (PNR), deen digital vum Transporteur verwalt gëtt.

Am neien Text gëtt och d'Reserve sanitaire fixéiert a wéi eng Santésberuffer heifir a Fro kommen. Dës Leit kënnen am Fall vun enger sanitärer Noutsituatioun bei e Spidol affektéiert ginn, wou dës Professionell eeben deen Ament gebraucht ginn.

Och d'Zwangs-Mise-en Quarantaine, déi vum Direkter vun der Santé kann ordonéiert ginn, wa positiv geteste Patienten e Risk fir d'Allgemengheet duerstellen, gëtt am Text vum Gesetzesprojet festgehalen. De forcéierte Confinement muss iwwerdeem via d'Bezierksgeriicht decidéiert ginn.

Iwwer all dëst gëtt d'nächst Woch debattéiert. Duerno dann dierft d'Chamber nees 3 Woche pausen. Op d'mannst wat d'Plenière ugeet, bis dann den 13. Oktober déi al Sessioun zou- an déi nei opgemaach gëtt.

Am Kader vun der Gesondheetskommissioun, déi och en Dënschdeg de Moie beienee war, sot d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert, datt méiglecherweis d'Zäite vu Quarantaine an Isolatioun wäerten no ënne revidéiert ginn. Heiriwwer tranchéiert de Ministerrot um Mëttwoch; sou datt entspriechend Amendementer zum Gesetzesprojet e Freideg den Deputéierte virgeluecht ginn.

RTL-Informatiounen no leeft et drop eraus, datt d'Perioden, wou sech positiv geteste Leit, respektiv déi, déi mat hinnen a Kontakt waren, solle vun Aneren ewechhalen, wéi a Frankräich z.B. no ënne revidéiert ginn.

Den Isolement gëllt fir eng covid-positiv Persoun a gëllt op Prescriptioun vum Dokter fir - den Ament - eng minimal Dauer vu 14 Deeg. Wärend dëser Zäit soll all Kontakt mat anere Persoune strikt evitéiert ginn. D'Leit, déi zesummen ënnert engem Daach mat dëser Persoun wunnen, mussen en Isolement vu 7 Deeg respektéieren.

D'Quarantaine gëllt fir Leit, déi am noen oder enke Kontakt mat enger infizéierter Persoun waren; fir si gëllt aktuell eng Quarantaine vu 7 Deeg, woubäi nom fënneften Dag soll en Test gemaach ginn.

Bei Net-Anhale vu béide Mesurë gëlle Sanktiounen tëscht 25 a 500 Euro.

Wéi gesot kéinten des Duréeën op Basis vun de neisten Evolutiounen adaptéiert ginn - dat war ewell a Frankräich de Fall, wou den Isolement vu 14 op 7 Deeg erofgesat gouf.