Wéi RTL ewell en Dënschdeg gemellt hat, soll den aktuellen Text vum drëtte Gesetzestext iwwert Anti-Covid-Mesuren nach emol kuerzfristeg adaptéiert ginn.

Am Regierungsrot zu Senneng gouf e Mëttwoch festgehalen, datt d'Dauer vun der Isolatioun vun aktuell 14 op 10 Deeg reduzéiert soll ginn, sou wéi et vun der WHO recommandéiert gëtt.

D'Isolatioun gëllt jo bei Leit, déi sech mam Virus effektiv infizéiert hunn.
Quarantän vu 7 Deeg gëllt fir Persounen, déi am enken oder noe Kontakt mat positiv geteste Covid-Infizéierte waren. Aktuell kann een elo vum 6. Dag un nom leschte Kontakt mat enger infizéierter Persoun en Test maachen, ass deen negativ, ass d'Quarantän opgehuewen.

Op deem Punkt gëtt den Text also méi kloer.

De Vott iwwert dësen amendéierte Gesetzestext wäert nächst Woch en Dënschdeg an der Chamber sinn.

Rapporter ass de fréieren LSAP-Santésminister Mars Di Bartolomeo.