D'Zuel vun Neiinfizéierten huet net weider changéiert a louch an der Woch vum 7. bis den 13. September bei 282 Residenten.

D'lescht Woch goufen dann och nees méi Residenten op Coronavirus getest, wéi déi Woch virdrun: nämlech bal 51.000 Persounen. Dovunner waren 282 Leit positiv, wat der 45 op 100.000 Awunner sinn an domat och weiderhin ënnert dem Inzidenz-Wäert vu 50 läit.

Dat geet aus der Woche-Statistik vun der Santé ervir, déi e Mëttwoch den Owend publizéiert gouf.

Vun de bal 51.000 Tester goufen der ronn 9.800 duerch eng Ordonnance vum Dokter gemaach, 34.300 duerch Large-Scale-Test-Invitatiounen an 3.600 mat engem Voucher, deen et um Findel gouf.

D'Zuel vu Kontakter, déi dës Persounen haten, ass awer bëssen erofgaangen. Dee Chiffer ass vun 1.508 op 1.394 erofgaangen.

D'Zuel vun den aktiven Infektioune läit bei 564, par Rapport zu 581 déi Woch virdrun. D'Zuel vu Leit, déi nees gesond sinn, ass vu 6.257 op 6.556 eropgaangen.

De Reproduktiounstaux ass liicht eropgaangen, dat vun 1,00 op 1,02. De Positivitéitstaux vun den Tester ass erofgaangen, vun 0,59% op 0,55%.

D'Altersmoyenne bei den Neiinfizéierte läit bei eppes iwwer 31,3 Joer an ass domat bal deselwechte bliwwen. Déi Woch virdrun louch dee bei 31,1 Joer.

An der 4. Woch hannerteneen ass de Grand-Duché ënnert 50, nämlech op ronn 45 Neiinfektiounen op 100.000 Awunner komm, esou wéi déi Woch virdrun.

Leit, déi a Quarantän sinn oder waren

1.394 Persoune waren d'lescht Woch a Quarantän. Dobäi komme 581 Leit, déi isoléiert gi sinn.

D'Opdeelung vu Quarantänen an Alterstranchen

    0-14 ans

15-29 ans

30-44 ans

45-59 ans

60+ ans

29.06.2020

05.07.2020

21%

32%

23%

20%

4%

06.07.2020

12.07.2020

27%

27%

23%

19%

3%

13.07.2020

19.07.2020

29%

27%

21%

19%

4%

20.07.2020

26.07.2020

25%

24%

24%

21%

6%

27.07.2020

02.08.2020

23%

27%

24%

20%

5%

03.08.2020

09.08.2020

25%

26%

23%

21%

6%

10.08.2020

16.08.2020

18%

27%

25%

22%

7%

17.08.2020

23.08.2020

17%

30%

25%

22%

6%

24.08.2020

30.08.2020

18%

30%

24%

21%

6%

31.08.2020

06.09.2020

19%

31%

24%

22%

5%

07.09.2020

13.09.2020

25%

25%

25%

20%

6%

 

D'Majoritéit vun de Leit huet sech am Ausland ugestach

Vun den 282 neie positive Fäll sinn der 88 op Reesen am Ausland zeréckzeféieren. Domat stellt dëst 31% vun all de Fäll duer, d'Woch virdru waren et der 44%. D'Santé rappelléiert dohier nach eemol, fir d'Gestes barrière an dat virgeschriwwent Verhalen anzehalen, och an der Vakanz. Et soll ee sech och teste loossen, wann ee Kontakt mat Risiko-Leit hat.

27% vun de Fäll, also 76 Neiinfektiounen, si warscheinlech op Kontaminatioune bannent Familljen zréckzeféieren, 7 Fäll (3%) op Familljefester oder Feieren ënner Frënn. 6 Fäll sinn op 2 sougenannte Clusteren zréckzeféieren, déi lescht Woch fonnt goufen.