Géint 9 Auer en Donneschdeg de Moie krut an der Rue Dicks en Auto en 8 Joer ale Jong ze paken.

Éischten Informatiounen an Zeienaussoen no wier de Bouf op eemol tëscht dem Stroosserand an de stationéierten Autoen op der Fuerbunn opgedaucht a gouf ugestouss. Den Automobilist huet sech direkt ëm d'Kand gekëmmert an den 112 geruff. De Jong koum mat Blessuren an d'Spidol.

Soss am Police-Bulletin

E Mëttwoch am Nomëtteg gouf op der N11 a Richtung Stad en Automobilist gemellt, dee wéinst sengem Fuerverhalen opgefall ass. De selwechte Won gouf kuerz drop um Sennengerbierg vun der Police gestoppt. Bei enger Kontroll gouf eraus, dass d'Fuererin ënner Alkoholafloss stoung a géint hiert Fuerverbuet verstouss huet. De Parquet gouf informéiert, d'Fra protokolléiert an den Auto saiséiert.