Et ass zanter Abrëll gewosst: Persounen iwwer 65 Joer an där, déi gesondheetlech scho virbelaascht sinn, gehéieren zu der Grupp vun de "Risikopatienten".

De 25. Abrëll hat de "Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses" eng Lëscht  mat Virerkrankungen erausginn, duerch déi eng Corona-Infektioun fir de Patient uerg Komplikatioune kéint matsechbréngen. Op dëse Lëscht stinn den Diabetis, kardiovaskulär Krankheeten, chronesch Krankheete vun den Otemweeër, Kriibs an Autoimmunkrankheeten. Och Mënschen, déi ënnert Obesitéit leiden, gëllen de Recommandatioune vum Conseil no als vulnerabel.

Am Schreiwes vum Conseil, dee vun der Dr. Thérèse Staub vum ''Service National des Maladies Infectieuses'' presidéiert a vum Expert Dr. Vic Arendt permanent berode gëtt, steet awer och: ''D'Persounen, déi als vulnerabel consideréiert ginn, kënne schaffen. Allerdéngs mussen d'Employeure si op hirer Aarbechtsplaz besonnesch schützen, zum Beispill andeems si dës Persounen esou wäit ewéi méiglech vun de Mataarbechter fort halen.''

Och d'Gesondheetskeess schreift an enger Informatiouns-Notiz op hirem Site: en Zertifikat, deen d'Vulnerabilitéit vun enger Persoun bestätegt, ass net ze verwiessele mat engem Schäin, deen d'Aarbechtsonfäegkeet beweist.

RTL huet bei engem Aarbechtsdokter nogefrot, wéi eng Prozedure vulnerabel Persounen am Kader vun der Covid-Kris berécksiichtege sollen:

Salariéeën, déi deemno iwwer 65 Joer al sinn an / oder eng vun den uewen opgelëschte Krankheeten hunn, sollen hire Patron am beschten dorobber hiweisen. Dofir geet e Schreiwes vum Hausdokter duer, eng ''attestation de vulnérabilité''.

Am Idealfall schafft den Employeur zesumme mat der concernéierter Persoun u Konditiounen, déi et hir erméiglechen, sécher ze schaffen.

Duerno kommen d'Zerwisser fir d'Gesondheet op der Aarbecht an hir Aarbechtsdokteren an d'Spill. Zwar jugéiere si net, ob den Hausdokter enger Persoun zu Recht attestéiert huet, vulnerabel ze sinn. En Aarbechtsdokter gëtt vill méi säin Avis of, ob d'Aarbechtskonditiounen et engem vulnerabele Salarié erlaben, schaffen ze goen. Den Aarbechtsdokter evaluéiert dat zesumme mam Employeur. Dee muss en Dokument ënnerschreiwen, dass e sech un d'Konditiounen hält, déi néideg sinn, fir dass de concernéierte Salarié a Sécherheet schaffe kann. De Salarié ënnerschreift dat Dokument och. Et ass awer net esou, dass den Aarbechtsdokter déi final Decisioun hëlt, ob eng Persoun muss schaffe goen oder net.

Op Nofro hinn heescht et aus dem Aarbechtsministère, dass de Code du Travail just den ''certificat d'incapacité de travail'' kennt als Justifikatioun, fir net brauche schaffen ze goen. De Patron kéint awer vu sech aus decidéieren, eng vulnerabel Persoun fräizestellen. Den Ament misst hien d'Persoun awer weider bezuelen, well se eben net krankgeschriwwen ass. Eenzeg an eleng en Dokter kann esou en Zertifikat ausstellen.

Wat eng méiglech Iwwerpréiwung vum Krankeschäin ugeet, do wär een am Kompetenzberäich vun der Sécurité sociale, heescht et aus dem Aarbechtsministère.

RTL huet och am Schoulministère nogefrot, wéi d'Prozedure fir Schüler, Schülerinnen a Schoulpersonal sinn.

Beim Personal gëtt d'Vulnerabilitéit vum jeeweilegen Hausdokter constatéiert a vum Aarbechtsdokter validéiert. Ewéi et vum Ministère heescht, informéiert den Aarbechtsdokter d'Schouldirektioun, wat fir Aarbechten déi vulnerabel Persoun ka maachen a wat fir Mesurë mussen ëmgesat ginn.

Bei de Schülerinnen a Schüler fält déi Instanz vum Aarbechtsdokter ewech.

Eng Schülerin brauch en Zertifikat vum Dokter, dass si vulnerabel ass. Duerno géif den ''Service de la médecine scolaire'' vun der Santé zesumme mat deem Dokter kucken, wéi d'Schülerin kann enseignéiert ginn.

RTL