E Freideg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 124 bliwwen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 177 positiv geteste Patienten. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Et goufe 4.181 Tester vu Residentë gemaach.

Aktuell sinn 18 (-5) Leit hospitaliséiert, eng Persoun dovunner läit op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,42.