De Brand selwer kruten d'Pompjeeën am Laf vum Sonndeg de Mëtteg an de Grëff.

Zu Ettelbréck gouf bei engem Brand e Sonndeg de Mëtten eng Persoun schwéier blesséiert. Dës Persoun huet misse mam Helikopter an d’Spidol bruecht ginn, esou d’Police op Nofro hin.

Ma e Sonndeg den Owend koum awer dunn vun offizieller Säit déi traureg Gewëssheet, dass d'Persoun déi schro Blessuren net iwwerlieft huet.

D'Ursaache vum Brand sinn nach komplett onkloer. Géint 14.20 Auer huet eng Passantin Damp dem ieweschte Stack vun engem Wunngebai an der rue du Canal zu Ettelbréck bemierkt. D'Pompjeeën hunn d'Dier vun der Wunneng missten opbriechen an huet déi 45 Joer al Bewunnerin um Buedem fonnt.

Nodeems e puer mol probéiert gouf d'Fra ze reaniméieren, ass si mam Helikopter op Esch an d'Spidol komm. Kuerz Zäit drop ass d'Fra verscheet. Eng Famill, déi och am Gebai wunnt, ass onverletzt bliwwen. Eng Autopsie gouf ugefrot, de Miess- an Erkennungsdéngscht war op der Plaz.

© Domingos Oliveira (RTL)

Wärend de Läschaarbechte waren eng Rei Stroosse gespaart, mëttlerweil ass d’Feier awer geläscht an d’Stroosse sinn nees op.

© Domingos Oliveira (RTL)