Datt et esou hefteg kéim, nämlech e Véierels vun der Beleegschaft géif gestrach ginn, dat hätt ee sech net erwaart, sou de Roger Infalt.

Hien ass Member vum Lëtzebuerger Presserot a Generalsekretär vun der Lëtzebuerger Journalisten Associatioun ALJP.

De kompletten Interview mam Roger Infalt

Et wier d'Resultat vun der Pandemie, awer och vun haarde Spuerpläng. Wat mer den Ament gesinn, wier awer nëmmen d'Spëtzt vum Äisbierg. Als Beispill nennt de Roger Infalt de Journal, dee vum Januar un nëmmen nach online ass, a wou solle 7 Journaliste-Plazen ofgebaut ginn.

D'Qualitéit vun der Press wäert duerch esou e Personalofbau a Spuermesure leiden.

Dat geplangte Gesetz iwwert d'Pressehëllef géif zwar méi op Qualitéit wéi Quantitéit setzen, also kucken, wéi vill professionell Journalisten agestallt sinn, a net wéi vill Zeitungen zum Beispill gedréckt ginn. Dobäi géifen awer nëmme fest-agestallt Journalisten a keng Freelance berécksiichtegt ginn. Déi fräischaffend Journaliste géifen esou awer ëmmer méi op der Streck bleiwen, esou eng weider Suerg vum Roger Infalt vun der ALJP.

Optakt vu Verhandlunge fir e Sozialplang

No der Annonce, dass beim Editiounshaus Saint-Paul eng 80 Aarbechtsplaze sollen ofgebaut ginn, sollen elo d’Verhandlunge ronderëm e Sozialplang ulafen.

An engem interne Schreiwes huet d'Direktioun argumentéiert, dass ee sech duerch d'Ausmooss vun der aktueller Kris a virun allem déi mëttel- a laangfristeg Perspektiven, géif gezwonge gesinn, fir drastesch Mesuren ze huelen, fir d'Rentabilitéit z'erhalen. Zum Editeur gehéiert jo ënnert anerem, d’Lëtzebuerger Wort.

D’Associatioun vun de Lëtzebuerger Beruffsjournalisten, hat an engem Schreiwes d’lescht Woch de belsche Proprietär vu Saint-Paul opgeruff d’Kierzungen zeréckzehuelen an en transparenten a faire Sozialdialog ze féieren, a sech un d’Virgabe vum Kollektivvertrag ze halen.