Zu Housen gouf e Mëttwoch den Owend géint 18 Auer Krichsmunitioun aus dem Zweete Weltkrich an der Géigend vun der Residence "Op der Héi" entdeckt.

D'Experte vum Service déminage vun der Arméi hunn d'Material neutraliséiert. De Beräich ronderëm d'Residence "Op der Héi" huet misste bis 18.30 Auer fir den Trafic gespaart ginn.