Den Ex-Polizist, deen Enn Juli wéinst engem duebele Gëftmord zu Bäreldeng, zu liewenslänglechem Prisong verurteelt gouf, geet an Appell géint dat Urteel.

Dat krut d’Wort esou vum Presse-Service vun der Justiz confirméiert.

D’Riichter an éischter Instanz hate mat enger ganz däitlecher Argumentatioun déi voll Schold beim Täter gesinn, dee seng eegen Schwëster an där hire Frënd, ganz bewosst, a geplangt, vergëft hätt.