E Freideg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 124 bliwwen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 76  positiv geteste Patienten. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Et goufe 6.053 Tester vu Residentë gemaach.

Aktuell si 19 (-7) Leit hospitaliséiert, 1 (-2) Persounen dovunner leien op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den offiziellen Zuelen no aktuell 1.133 aktiv Infektiounen. 6. 976 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,95.