Um Samschdeg de Moie géint 8.45 Auer koum et zu Dippech op der Haaptstrooss zu engem méi spektakulären Accident.

Aus ongekläerte Grënn huet e Chauffer d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass duerch de Virgäertche vun engem Privathaus geflunn, fir duerno am Noper senger Heck un d'Stoen ze kommen.

Blesséiert gouf keen.