"Mir wëllen dat, wat mer geléiert hunn, och kënnen an eisem Beruff ausüben a mir wëllen eis och kënne weiderbilden".

Um Gesondheetsdësch war d'Associatioun vun de lëtzebuergeschen Aide-Soignanten, d'ALAS, nach net invitéiert.

Et wier een zwar iwwert de Conseil Supérieur des Professions de Santé mat vertrueden, ma dat géing awer net duergoen, fir d'Interêts vun den Aides-Soignanten konkret an de Virdergrond ze stellen.

Eng Fuerderung ass, dass dat, wat an der Formatioun geléiert gëtt, am Beruffsalldag och soll applizéiert kënne ginn. D'Danielle Koob, Presidentin vun der ALAS: „Mir dierfen zum Beispill de Bluttdrock moossen, esou steet et am Gesetzestext. Mee dacks dierfe mir dat net. An dat ass awer schued, well mir hunn dat geléiert an dierfen dat awer net uwenden. Dat ass schued.“

Et wier net eenheetlech, all Patron géing decidéieren, wat den Aide-Soignant dierf a wat net.

En Ënnerscheed gëtt et och, deemno ob een am Spidol oder an engem Fleegeheem schafft. Dowéinst fuerdert d'ALAS ee Kollektivvertrag amplaz zwee, erkläert d'Danielle Koob:

„Dat geet jo net, dass mir ënnerschiddlech bezuelt ginn. Ausserdeem muss een och nach soen, dass eréischt mat der Pandemie bemierkt ginn ass, wéi enk et mam Personal ass. Mir fuerderen dowéinst een eenheetlechen Vertrag.“

Et wier dann och wichteg, dass méi Perspektive geschafe ginn. Zum Beispill fir kënnen an den Infirmiers-Beruff ze wiesselen:

„Elo ass dat net méiglech, een deen well wiesselen muss nees vu fir ufänken an dat ass awer net einfach, wann ee schon eng Famill huet vläicht an e Prêt ze bezuelen.“

Dat kéint de Beruff awer méi attraktiv maachen. Et wier nämlech elo schonn en Enkpass beim Personal, virun allem op laang Siicht gekuckt komme net genuch ausgebilten Aide-Soignante no. Dobäi wier d'Aarbecht awer wichteg, erzielt d'Vize-Presidentin vun der ALAS, d'Nelia Dos Santos:

„Mir sinn all Dag beim Patient, mir sinn och déi éischt, déi Moies erakommen, fir de Patient ze wäschen an da kréie mir och gezielt, wat an der Nuecht net gaangen ass oder wa Suergen do sinn. Et ass wierklech eng Vertrauensbasis.“

D'Leit aus Santésberuffer géingen all un der Front schaffen an de Lockdown am Mäerz hätt gewisen, wéi wichteg och d'Fleege vun eelere Leit ass. Och dowéinst froen d'Aide-Soignanten, dass hire Beruffsstand méi valoriséiert gëtt.