Et wär fir sech ze schummen an net z'acceptéieren, sou d'Ëmweltschutzorganisatioun.

D'Ausschreiwung vum Lëtzebuerger Landwirtschaftsministère fir Schoul-Uebst ass nees eng Kéier e Flopp. Dat schreift de Mouvement Ecologique en Dënschdeg de Moien an engem Communiqué.

Schonn am September zejoert hate si kritiséiert, dass de Ministère keng explizitt ökologesch Critèren a sengem Appel d'offre fir d'Schoul-Uebst vun am Ganze 400 Lëtzebuerger Schoule fuerdert.

Wärend de Rescht vun der Welt op regional Produiten, Biolandwirtschaft, Reduktioun vu Pestiziden an d'Bekämpfung vum Biodiversitéitsverloscht setzt, géing de Landwirtschaftsministère Zitat „verkrust“ an ale Mustere schaffen, kritiséiert de Mouvement Ecologique.

Weiderhi wär den eenzege Krittär de Präis. Et wär fir sech ze schummen an net z'acceptéieren, sou d'Ëmweltschutzorganisatioun.