Aus bis ewell ongekläerte Grënn huet de Chauffeur géint 11 Auer Moies en Dënschdeg d'Kontroll iwwert säi Won verluer.

Nodeems sech den Auto e puer mol iwwerschloen huet, ass de Won um Daach an engem Rampli leie bliwwen.

Wéi e Wonner huet de Chauffeur vum Auto dat ouni gréisser Blessuren iwwerstanen.