Zanter dem leschte Weekend weess den LSAP-Fraktiounschef Georges Engel, datt hie mam Virus infizéiert ass.

Den 52 Joer alen Politiker ass zanterhier doheem an an Isolatioun, déi nach bis de 5. Oktober dauert.

Des "Wort"-Informatioun huet de Georges Engel eis géintiwwer confirméiert.

Wéi de fréieren Suessemer Buergermeeschter RTL géintiwwer sot, géif hie sech mat den typesche Covid-Symptomer midd spieren, ma géif hoffen, keen Aneren ugestach ze hunn, notamment wärend sengen Deplacementer, der Chamber-Sessioun d'lescht Woch an och der Journée parlamentaire vun der LSAP.

Sengen eegene Wierder no sot de Georges Engel, datt hien extrem gutt encadréiert gi wier, souwuel vu Leit aus dem Tracing-Grupp wéi och vu sengem Entourage.

Nieft dem sozialistesche Fraktiounschef sinn och eenzel Mataarbechter vun der Fraktioun, mee och eng Partie Deputéiert preventiv a Quarantaine - bei kenger vun dëse Persounen war de Covid-Test awer bis ewell positiv.

Schonn um Mëttwoch respektiv bis Enn der Woch kommen dës Persounen nees aus der Quarantaine eraus.