Ouni Masken leeft aktuell net vill. Deemno net vu Muttwëll, wa Lëtzebuerg elo seng eege Maske produzéiere kann.

Um Dënschdeg gouf zu Gaasperech bei Santé Services, eng Duechtergesellschaft vun der Fondatioun Hôpitaux Robert Schuman, dës Maske Maschinn ageweit. Dat a Presenz vum Premier Xavier Bettel an dem Mëttelstandsminister Lex Delles.