En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 124 bliwwen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 55 positiv geteste Patienten. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Et goufe 5.408 Tester vu Residentë gemaach.

Aktuell si 34 (-2) Leit hospitaliséiert, 4 (+1) Persounen dovunner leien op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den offiziellen Zuelen no aktuell 1.171 aktiv Infektiounen. 7.136 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,67.