Domadder wëll d'Saarland de "klenge Grenzverkéier" oprecht erhalen, esou de Ministerpresident Tobias Hans.

Vun e Méindeg u brauch ee keen negative Covid-Test a keng Quarantän méi, fir manner wéi 24 Stonnen an d'Saarland ze goen. Dat krute RTL e Mëttwoch de Moien op Nofro vum Regierungsporte-Parole vun der Saarlännescher Staatskanzlei zu Saarbrécken gesot.

Bis ewell hunn d'Exceptiounen jo nëmme fir Frontalieren a Studente gespillt, sech net un d'Restriktiounen ze halen, déi Lëtzebuerg als Risikogebitt applizéiere muss.

A Rheinland-Pfalz dogéint bleift et beim virgeschriwwenen negativen Testresultat, dat net méi al wéi 48 Stonnen dierf sinn, respektiv der Quarantän, wann ee keen Test gemaach huet. En Dënschdeg hat Mainz scho präziséiert, et géif keng Ausname fir d'Lëtzebuerger gemaach ginn.

Fir en Donneschdeg um 12 Auer ass eng Videokonferenz aberuff gi vum Landrat Günther Schartz (Landkreis Trier-Saarburg), dëst zesumme mam Lëtzebuerger Ausseministère an dem Gesondheetsministère. Donieft goufe Vertrieder vun de Grenz-Kreesser Merzig-Wadern a Bitburg-Prüm invitéiert, grad ewéi Staatssekretäre vum rheinland-pfälzeschen a vum Bundesgesundheitsministerium. Et misst d'Problemer, déi duerch déi nei Risikoastufung vu Lëtzebuerg grenziwwerschreidend entstinn, zesummen upaken a sech net just een iwwert den anere beschwéieren, esou de Günther Schartz.

D'Belsch, dat de Grand-Duché e Freideg rout klasséiert huet, erlaabt Deplacementer déi an dëssäits der Grenz, fir 48 Stonnen.