Eng Lëtzebuergerin leescht Hëllef am Jemen

© RTL
12 Stonne schaffen, eppes iessen an dann an d'Bett... Dat ass war wärend Wochen den Alldag vun der Lëtzebuerger Infirmière Tessy Fautsch.
Wärend dem Lockdown zu Lëtzebuerg huet si hier Saache gepaakt an ass fir Medecins sans frontières an de Jemen gereest. De Gros vun der Zäit huet si do an engem Covid-Projet gehollef.
D'Biergerkrichsland huet net dee beschte Gesondheetssystem an d'Mataarbechter vun der Hëllefsorganisatioun hunn och op hier eege Sécherheet missten oppassen.
Wärend deene 4 Méint wou Tessy Fautsch am Jemen war, gouf et zwar e Waffestëllstand an awer war et geféierlech fir am Biergerkrichsland ze schaffen.
D'Lëtzebuerger Infirmière huet de gréissten Deel vun der Zäit zu Aden am Spidol Al Gamuriah gehollef ...fir hier eege Sécherheet huet si, an hier Kolleegen, bis Owes um 7 Auer d'Spidol misste verlooss hunn.
Al-Qaida an Isis, dat waren déi zwou gréisste Geforen an dofir war den Dagesoflaf ëmmer dee selwechten: "Dofir si mer vun do wou mer geschlof hunn an d'Klinik gefuer an dann erëm dohinner wou mer geschlof hunn. Mir hu soss net vill gesinn"
Vu Mëtt Abrëll bis Enn Juli goufen et vill Infektioune mat Covid-19 zu Aden, am Süde vum Jemen. Zum enge goufen Tester gemaach, zum aneren hätt een awer och ganz kloer gesinn, datt vill méi Leit gestuerwe sinn, wéi soss.
Vum 1te Juni bis de 26ten August huet MSF knapp 200 Leit opgeholl, dacks hunn d'Leit sech ze spéit Hëllef gesicht a wann dann och nach zousätzlech gesondheetlech Problemer dobäi komm sinn, haten d'Patiente ganz dacks keng Chance z'iwwerliewen: "Dat heescht do wou een nach hätt kéinten, dat wat een nennt "Non Invasive Ventilation" maachen, deelweis hu mer nach probéiert an dann hu mer gesinn, datt mer awer hu missten intubéieren. Wann dann een intubéiert war an et goufe Komplikatiounen, zum Beispill datt d'Nieren déi net méi funktionéiert hunn, konnt een net einfach d'Leit an d'Dialyse schécken.
Zu Aden war déi zwar niewendrun, mä wa mir do d'Dialyse kontaminéiert hunn, da war déi fir de Rescht vun der Bevëlkerung net méi accessibel. Dann huet een de Leit misse soen, si bréichten eng Dialys, kéinten se awer net kréien."
Eng ganz schwiereg Situatioun also. De Gros vun de Patienten, déi hu missten intubéiert ginn, hunn de Covid-19 och net iwwerlieft: "Vun de Patienten, déi mer intubéiert hunn, hunn ech ee gesinn, dee mer dono erëm extubéiert hunn. Vun deene Leit déi hu missten op d'Intensivstatioun kommen a mir haten nëmmen déi schlëmm Fäll, do war den Taux de mortalité relativ héich. Ech mengen et hat een et ausgerechent. Vun deenen déi intubéiert waren si 96 Prozent gestuerwen."
En anere Problem mat deem d'Mataarbechter vun MSF dacks confrontéiert waren, war deen, datt vill Leit resistent géint d'Antibioticke waren: "Wa mer d'Analyse gemaach hunn, mer hunn op der Plaz och bëssen Zäit gebraucht fir erauszefannen, wat ee kéint maachen, dann huet sech gewisen, datt vu 17 getesten Antibioticken 11, 12 oder 15 net gewierkt hunn. Dann hu mer dat 48 Stonnen erausfonnt ier d'Leit gestuerwe sinn. Esou hu mer dann och puer Patiente verluer."
Vun all de Patienten, ëm déi sech MSF gekëmmert huet konnten awer och 66 Mënschen als geheelt entlooss ginn.
An der Equippe vun MSF sinn 2 bis 3 Leit positiv op der Coronavirus getest ginn, allerdéngs ass net gewosst, ob si sech am Spidol oder soss éierens ugestach hunn.
Tyvek Kostümer hate si keng, si hu sech mat OP Kleeder geschützt, déi een normalerweis just eemol undeet. D'Tessy Fautsch an hier Kolleegen hunn se méi dacks misste benotzen an och d'FFP2 Maske ware rar an hunn dofir méi laang missten halen, wéi dat üblech ass.