Zanter e Mëttwoch kann ee sech nees gratis op de Coronavirus teste loossen, wann een an e Land reest, dat en negatiivt Testresultat freet.

Déi Méiglechkeet war no der Vakanz zäitweileg net méi ugebuede ginn. Bis en Dënschdeg konnte just nach déi Residenten e Covid-Test froen, déi aus dem Ausland zréckkomm sinn.

Lëtzebuerg ass bekanntlech zanter Enn leschter Woch nees Risikogebitt an Däitschland, och d'Schwäiz applizéiert Quarantän fir Lëtzebuerger Residenten. An der Belsch gëllt eng Ausnam vun 48 Stonnen.