D'Paulette Lenert huet an hirer Funktioun als Konsumenteschutzministesch de Gesetzprojet presentéiert, mat deem Sammelkloen och hei solle Realitéit ginn.

Op EU-Niveau gëtt den Ament och um Instrument vun de Sammelkloe geschafft. Eng Lëtzebuerger Spezifizitéit par Rapport zu deenen anere Memberstaate wäert sinn, datt net muss iwwert en Drëtten, sief et eng Associatioun oder eng Organisatioun, fueren fir Recours ze maachen.

Zanter dem Diesel-Skandal hat virop de Konsumenteschutz ëmmer nees drop higewisen, datt de Grand-Duché Sammelkloen erlaabte misst.

Nieft der Prozedur um Geriicht gëtt am Gesetzprojet och e groussen Accent op aussergeriichtlech Eenegunge vu Litige geluecht, déi gestäerkt solle ginn.