Do gouf e vum Arméisminister Bausch an dem neie Chef d'État Major Thull empfaangen. Lëtzebuerg geréiert den A400M zesumme mat der Belsch.

Mat vill Verspéidung ass den Airbus A400M Militärfliger vun der Lëtzebuerger Arméi zu Lëtzebuerg ukomm - e bleift awer just e puer Deeg hei am Land, iert en dann op Melsboerk an d'Belsch weider flitt, wou e stationéiert an ënnerhale gëtt. D'Fanny Kinsch war bei der Landung vum neie Militärtransporter e Mëttwoch den Owend um Findel dobäi.

2001 scho waren déi belsch an déi lëtzebuergesch Regierung sech eens ginn, fir zesummen 8 Fligeren ze kafen - déi 7 aner (fir d'Belsch) sollen elo d'nächst Joer nokommen. D'Piloten, déi d'Maschinn elo mol zu Melsboerk testen, iert se an der Hallschent vum nächste Joer an den Asaz kënnt, si bis elo mat sougenannte C-130 Hercules Fligere geflunn. Ënnert hinnen de Lëtzebuerger Gilles van Dyck, deen als Co-Pilot e Mëttwoch mam neie Militärfliger geflunn ass.
"Beim A400M ass elo natierlech, et ass en ultramoderne Fliger, den C-130, dat ass eng Maschinn, déi elo bal 50 Joer huet, an dat hei ass elo natierlech fir eis, fir d'Crew eng onwarscheinlech modern Maschinn, déi alles huet, wat haut e moderne Fliger huet."

De Fliger ka séier landen a starten an och op schwieregem Terrain, wéi zum Beispill am Sand, landen. E soll fir militäresch, awer och zivil Zwecker genotzt ginn, sou den neie Chef d'Etat Major vun der Arméi Steve Thull.

"Op jidder Fall kann en d'Leit bis an de Mali fléien, dat ass guer kee Probleem, seng Reechwäit ass méi grouss wéi dat wat mer beim C130 kennen. Virun allem brénge mer et fäerdeg vill méi Material a vill méi Leit kennen ze transportéieren."

© EMA

D'Lëtzebuerger Defense léisst sech den A400M iwwer eng Lafzäit vu 35 Joer alles an allem 420 Milliounen Euro kaschten, bei engem Kafpräis vu bal 200 Milliounen. Dat wiere vill Suen, ma et wier awer derwäert, fënnt de gréngen Defenseminister François Bausch, well een en och un aner europäesch Länner verléine kéint a well en eben och fir zivil Zwecker kéint genotzt ginn. Den A400M géif dann awer och elo mol duergoen.

"Dann hu mer jo deen MRT-Programm, dat ass dee Multi-Tanker-Programm, wou mer eis mat aneren europäesche Länner och mat akaf hunn, wou et drëms geet Käschten ze deelen. Ech mengen dat ass elo mol à ce stade fir den Aviatiounsberäich an de militäresche Beräich dat wat mer brauchen, dofir géing ech mol soen, déi nächst Joren wäert ënner menger Leedung an der Defense kaum nach elo an der Aviatioun eppes gemaach ginn. Ech menge mir hunn nach am Espace Investissementer déi mer maachen, mir mussen och warscheinlech bei de Gefierer vun der Arméi nach Investissementer maachen."

Um Donneschdeg geet de Grand-Duc Henri den neie Militärfliger op de Findel kucken, wann d'Wieder et erlaabt soll en e Freideg dann dem Public presentéiert ginn, andeems e ganz niddereg iwwer Lëtzebuerg an och iwwert d'Belsch flitt, wou e vu sengem Virgänger, dem C-130 Hercules begleet gëtt.

Beim sougenannten "Welcome Flight" ass de Start um 9 Auer um Findel geplangt, vu wou aus en dann iwwert d'Stad, Arel, Esch, d'Musel, Dikrech a Clierf an d'Belsch bis op Melsbroek flitt, wou de Fliger och stationéiert gëtt.

Dësen A400M gëtt vum belschen a Lëtzebuerger Militär geréiert. Den A400M ass den éischte Lëtzebuerger Militärfliger zanter 1968. Deemools goufen dräi Piper PA-18 Super Cup an d'Pensioun geschéckt.