Als Ofschloss vun der Semaine de la santé mentale“ ass um Samschden Owend hei op RTL.lu de Livestream vum "Club of 27“.

An dësem Concert vum Claire Parsons, Pascal Useldinger, Sven Sauber a Josh Island ginn Interpretatiounen vun groussen Museker gespillt déi och un mentale Problemer gelidden hunn. Grad mat dësem Hannergrond sinn d’Lidder vun ënner anerem Amy Winehouse, Kurt Cobain, Jim Morrison an Nick Drake e besonneschen Temoignage vun hirer Gedankewelt.

Nom Concert wert et dann eng Diskussiounsronn mat Experten aus dem Domaine vun der mentaler Gesondheet ginn. Hei kann och live ob Är Froen geäntwert ginn. Do dernieft wäert de Gewënner vum Prix du Public vum Concours « santé mentale-tous concernés ».

Den Livestream gëtt et hei e Samschden vun 20 Auer un.

Weider Informatiounen iwwert d’Semaine de la santé mentale

Reportagen:

Links: