De leschte Weekend waren d'Drogenhënn vun der Douane am Weste vum Land am Asaz an hu bei engem Auto, deen aus Holland koum, ugeschloen.

D'Zita an de Balto konnten dobäi 2 Kilogramm Marihuana an 140 Gramm Kokain erschnoffelen. De Parquet huet d'Drogen an den Auto saiséiere gelooss. De Chauffer, e Mann aus Holland, gouf verhaft a koum zu Lëtzebuerg virun den Untersuchungsriichter.